Region: Luxemburg
Trafik

Ëmgehungsstrooss fir dee ganze Préizerdaul

Initiativtagaren är inte offentlig
Petitionen är riktat mot
Gemeng Préizerdaul + Ministère du Développement durable et des Infrastructures
583 Stödjande

Initiativtagaren skickade inte in petitionen.

583 Stödjande

Initiativtagaren skickade inte in petitionen.

  1. Startad 2016
  2. Insamlingen är klar
  3. Inlämnad
  4. Dialog
  5. Misslyckade

Fir ee Préizerdaul ganz ouni Camionen!

Wat op Anhieb vläicht wäit hirgeholl kléngt, wier bei wäitem net onméiglech!

Säit laangem ass de Contournement Proz an der Diskussioun. Elo awer schéngt et op eemol konkret ze ginn! Iwwer 20 Joer laang ass am stëlle Kämmerlein bricoléiert ginn, ouni datt di concernéiert Leit aus der Gemeng laang no hirer Meenung gefrot gi sinn. Wéi sou oft bei sou Projete ginn d'Bierger einfach viru Faits accomplis gesat, wann et schonn (bal?) ze spéit ass.

Mir Horasser sinn der Meenung, datt déi geplangten Ëmgehungsstrooss muss gestoppt ginn, well eng aner, besser Léisung méiglech ass, an zwar net nëmme fir eis, mee och fir dee ganze Préizerdaul! Eng Léisung, vun déier all Mënsch an net nëmmen d'Gemeng an d'Firma Feidt profitéiere kéint! Eng Léisung, déi et erméigleche géif, all d'Camione lasszeginn!

Mir hunn es genuch, als "Quantité négligeable" ofgestempelt ze ginn. Och mir hunn e Recht op Liewensqualitéit. Eng Ëmgehungsstrooss ass am Prinzip do, fir ze entlaaschten. Sou wéi se momentan geplangt ass, géif se awer mat sech bréngen, datt mir dee ganzen Trafik ze spiere kréien, während anerer komplett entlaascht ginn (Hiel) an nach anerer (N12) zum Deel zousätzlech belaascht ginn.

Wéi sou oft gëtt och an dësem Fall behaapt, datt een et net jidderengem ka recht maachen, an datt eben déi puer Leit "dru gleewe mussen" (sic!).

Mat der Variant, déi mir proposéieren, wëlle mir de Géigendeel beweisen. Well wou ee Wëllen ass, ass nämlech (meeschtens) och e Wee!

Eisen Tracé géif net matten op der Horass (!), mais schonn éischter op den CR116 (rue de Folschette) erauskommen a vun do aus lénks Richtung Fënsterhaff ee Bou ronderëm eis maachen.

Et ass richteg, datt dës Variant vläicht méi schwiereg ze realiséieren ass, awer onméiglech ass se net. Schliisslech si scho méi komplizéiert Projeten hei am Land duerchgezu ginn. A vu datt dat Ganzt jo "d'utilité publique" ass, kéint de Staat och méi Moyenen drastiechen, anstatt datt den Här Feidt quasi eleng "wurschtele" gelooss gëtt.

De Virdeel vun dëser Variant wier, datt se kéint ausgebaut ginn, fir z.B. tëscht Räichel a Platen oder evt. Ospern erauszekommen.

Sou kéint dee ganze Préizerdaul ëmfuer ginn, souwuel vun de Feidt-Camione wéi och vun all aner Camionen. Dee ganzen Opwand wier also net nëmme fir d'Bauschuttdeponie, mee och fir all d'Leit aus dem Daul.

Wann awer d'Horass-Variant duerch iergendwelch Grënn net a Fro kënnt, da kann een och dës Iddi fir ëmmer an éiweg vergiessen...

Also wann Dir mengt, datt Dir elo scho genuch vu Kaméidi, Stëbs an Ofgase betraff sidd, dann ënnerstëtzt eis an eiser Iddi, andeems Dir dës Petitioun ënnerschreift.

Fir méi Informatioune kuckt w.e.g. och op facebook.com/daulounicamionen

MERCI FIR ÄR ËNNERSTËTZUNG!

Orsak

Et gëtt eng Léisung, an zwar net nëmme fir d'Horass, mee fir dee ganze Préizerdaul! Fir e Préizerdaul, wou eis Kanner net op enger Spillplaz spille mussen, wou se permanent Camionsofgasen anotme mussen, wou een als Elteren net muss fäerten, wann d'Kanner zu Fouss an d'Schoul trëppelen a wou d'Liewensqualitéit nees am Vierdergrond steet.

Tack för ditt stöd

Länk till petitionen

Bild med QR-kod

Avrivningslapp med QR-kod

ladda ner (PDF)

Nyheter

  • Liebe Unterstützende,
    der Petent oder die Petentin hat innerhalb der letzten 12 Monate nach Ende der Unterschriftensammlung keine Neuigkeiten erstellt und den Status nicht geändert. openPetition geht davon aus, dass die Petition nicht eingereicht oder übergeben wurde.

    Wir bedanken uns herzlich für Ihr Engagement und die Unterstützung,
    Ihr openPetition-Team

Inga PRO-argument ännu.

Inga KONTRA-argument än.

Bidra till att stärka medborgarnas delaktighet. Vi vill göra din oro hörd samtidigt som vi förblir oberoende.

Donera nu